FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+1 vote
58 views
Moien,

meng Fro ass op sech d'Besetzer vun Social Media Seiten strofbar maachen, wann se Haassmessagen op hieren Seiten vun dretten User net administréieren an stoen loossen.

Als Beispill:

Huele mer un op der Facebook Sait vum Noorichtenportal XY postet en User en Message, deen strofrechtlech relevant ass. En aneren User mescht d'Noorichtenportal XY drop opmierksam. Noorichtenportal XY reagéiert net an léisst den Kommentar stoen.

Kann een de Code penal mat den entspriechenden Artikel sou ausleen, dat sech d'Noorichtenportal XY strofbar mescht?

Menger Meenung ass dat aktuell eng Onkloerheet am Gesetz, wou den Justizminister Stellung sollt huelen.
in Justice by | 58 views

Ass et net sou datt de Bedreiwer vun der Websäit responsabel ass fir de Contenu deen publizéiert gëtt?

Please log in or register to answer this question.